Last Saturday

Mär bieden all jonk Spiller un d'Last Saturdays mat hirer Presenz ze ënnerstëtzen an eppes fir de Jugendschach hei am Land bäizedroen!

Wéi mir an eiser Schachschoul e puer jonk Spiller an d'Liewen vum Schach agefouert haten, wollte mer hinnen d'Méiglechkeet ginn fir Partien géint aner Jonker ze spillen.

Den éischten Last Saturday am September 2019 hate mer 7 Spiller an dat och nach just aus eisem Club. Dat huet sech awer ganz schnell (an och esouguer wärend dem Confinement) geännert.

Déi lescht Turnéier hate mer all Mount em déi 70 jonk Spiller aus alle Veräiner, an eise Sall fänkt un ze kleng ze ginn fir dat Turnéier nach just an engem eenzegen Evenement opzeféieren.

Fir d'Saison 2024/2025 organiséieren mir dräi Turnéier, obgedeelt no Alterskategorien: U8-10, U12-U14 an U16-U20.

Mell dech bei eisem nächsten
Last Saturday un!