Mir hu 2018 d'Schachschoul gegrënnt fir de Kanner (an Erwuessener) nach e besseren Training am Schach ze erméiglechen.
Fir beim Training matzemaachen, sinn all Spiller, Klenger a Grousser, wëllkomm.
Niewend e puer Trainer vun eisem Veräin, schaffen mär awer och mat e puer professionell Trainer déi mat deenen schaffen déi scho gutt Fortschrëtter gemaach hunn.
Eis Schoul ass dräimol an der Woch op.
D'Trainingsowender sinn op fir all Leit, ob Member oder nett Member.
Centre associatif AM RIT - 24, rue Denis Netgen L- 3858 Schëffleng